Corinne Pommerell

Studien/Formatioun

Diploméiert Ingenieurin

Informatik

Beruff

Cheffe de service

Service Informatique

Gemeng Lëtzebuerg

Alter

47 Joer

Kanner

2

MOTIVATIOUN A PERCEPTIOUN

 

Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir e Beruff ze wiele wou Fraen nach net esou present sinn?
Wat huet Iech besonnesch ugezunn?

T’ass eigentlech net dass ech e Beruff gewielt hu wou Fraen nach net esou present si mee Technik huet mech vu klengem un ëmmer interesséiert. Mäi Papp war Enseignant an der Elektronik, hien huet dann esou kleng Versuchsopbauten matbruecht wou ee mat Widderstänn konnt spillen. Dat huet mech als Kand ëmmer faszinéiert. Informatik war eppes relativ Neies wéi ech am Lycée war, do koumen déi éischt PCen eraus. Dat, an am allgemenge Wëssenschaften, huet mech interesséiert. Dunn hunn ech Informatik als Studium gewielt.

 

Ech hunn den Ingénieur technicien um IST gemaach a sinn du viru gaange an d‘Frankraich fir Ingénieur diplômé. Duerch meng Zäit um IST hunn ech de Centre de Recherche Henri Tudor kannt, an do och e Stage gemaach. Dat war dann och meng éischt Aarbechtplaz, mat engem CDD. Dono sinn ech bei IBM Lëtzebuerg a Richtung Project Management gaangen. Wéi ech duerch Zoufall gesinn hunn dass d’Gemeng Leit géing astellen, hunn ech mech gemellt. Dat war och en Job am Project Management fir d’Aféierung vum SAP als Comptabilitéitsprogramm vun der Stad. Ech hunn dee Projet gemaach a wéi e fäerdeg war hunn ech mech ëm d’intern SAP Équipe gekëmmert. Säit 2 Joer sinn ech elo Chef de Service vum Service TIC.

 

Wéi Dir Äre Choix gemaach hutt, waren do verschidden Aspekter wouwéint Dir gezéckt hutt?

Nee .

 

Entsprécht Är Aarbecht de Virstellungen déi Dir deemools hat?

Dat wat ech haut maachen entsprécht sécher net de Virstellungen déi ech deemools hat. Ech hun mech ëmmer méi am technesche Beräich gesinn. Ech hätt ni gemengt dass ech op enger Plaz géing lande wou ech Chef de Service wier. Dat Technescht wat ech gemaach hunn huet sécher deem entsprach wat ech mer deemools virgestallt hunn. Dat wat ech elo maachen huet sech esou erginn, dat ass och ganz gutt mee deemools wéi ech mäi Studium gewielt hunn hunn ech guer net sou wäit geduecht.

 

Wéi gesinn Är Famill a Frënn Iech?

Si fannen dat scho gutt.Wéi ech d’Décisioun sollt huele fir dësen Job unzehuelen huet meng Famill gesot ech sollt et maachen.

 

BERUFF

Beschreift kuerz Är Aarbecht.

Als Chef de Service leeden ech e Service vun an di 50 Leit. E groussen Deel vu menger Aarbecht ass et Leit, Aktiounen a Projeten ze koordinéieren, tëscht den Leit an Departementer ze vermëttelen, eise Service bei anere Servicer ze representéieren, mat anere Servicer gemeinsam Projeten unzegoen, d‘informatesch Strategie vun der Stad auszeschaffen, … Dat sinn déi grouss Linnen. Mäi Service huet 5 Departementer d.h. ech muss vun all Departement e Grondwëssen hu fir dass ech den Iwwerbléck behalen a weess wou dat Ganzt soll higoen. Verschidden Departementer sinn eréischt säit e puer Joer am Service dran, ech muss kucken dass dat gutt klappt mam Zesummeschaffen. Et ass elo méi redaktionnell wéi technesch Aarbecht. Déi technesch Basis muss natierlech awer do si fir kënnen ze bestëmmen a wéi eng Richtung et mat der Informatik soll goen.

 

Wéi eng Qualitéite brauch ee fir Äre Beruff kënnen aus ze üben?

Gutt Nerven, eng gewësse Rigueur, eng Facilitéit fir mat de Leit ëmzegoen, en Talent fir ze plangen an ze strukturéieren an een technescht Verständnes.

 

Am Fall vu Schwieregketen, wéi eng Strategie gebraucht Dir fir se ze iwwerwannen?

Ech probéieren d’Saach ëmmer roueg a sachlech unzegoen. Et gi verschidde Léisungen an da muss een op engem sachlechen Niveau kucke wéi eng déi bescht ass. Dat hänkt natierlech vum Problem of. D’Schwieregkete kënnen tëscht de Leit oder de Servicer sinn oder éischter technesch, …

 

PERSÉINLECH BEWÄERTUNG

 

Ass de Fait eng Fra ze sinn Ärer Meenung no een Handicap wann een Äre Beruff well ausüben?

Nee dat hunn ech ni esou empfond.

 

Wéi erkläert Dir Iech dass nach net vill Fraen Äre Beruff wielen?

Ech mengen dass einfach keen Interessi do ass. Viru Jore gouf ech am Kader vun enger Initiativ vum IST gefrot fir bei de Meedercher am Lycée Reklamm fir mäi Beruff ze maachen. Et war net därmoosse vill Interessi do. U wat dat läit weess ech net. Wat ech wichteg fannen ass dass wann ee Meedche sech dofir interesséiert, dass et da Méiglechkeete ginn an dass et do keng Steng an de Wee geluegt kritt. Wann ee lo géing soe mir missten dat méi förderen, da wéisst ech net wou een do misst usetzen. Ech hunn och ëmmer geduecht et misst ee méi erklären, mee mëttlerweil soen ech mer dass dat villäicht einfach esou ass. Villäicht interesséiere sech d’Meedercher à la Base einfach net esou dofir. D’Haaptsaach si kënnen et maache wann se wëllen.

 

Wat misst een ännere fir de Beruff méi accessibel an attraktiv fir Fraen ze maachen?

De Beruff vum Informatiker ass accessibel. Wann e Meedchen dat wëll maachen an di néideg Punkten an der Schoul huet da kann et dee Beruff duerchaus maachen. Et kéint een de Beruff méi attraktiv maache wann een hinne méi géing erkläre wat do genee geschitt. Mee och d’Jonge wëssen net wat de Beruff beinhalt a si sinn awer méi interesséiert. Dat ass wierklech eng Fro wou ech keng Äntwert drop weess.

 

Wéi ee Message wëllt Dir de jonke Meedercher déi sech grad berufflech orientéiere mat op de Wee ginn?

Wann d’Informatik si interesséiert sollen se et roueg maache well et ass e ganz flotte Beruff. Et ass eigentlech ganz agréabel an engem Beruff ze schaffe wou haaptsächlech Männer sinn. D‘Meedercher solle sech net ofschrecke loosse wann d’Leit soen dat wier näischt fir si. T’ass absolut kee Problem do. A wann se sech net sécher si sollen se roueg d’Méiglechkeet notze fir e Stage an enger Entreprise ze maachen a sech d‘Saach unzekucken.

 

 

Retour Témoignages

Retour Témoignages