Sandra Counet

Studien/Formatioun

CATP Comptabilitéit

Beruff

Buschauffeuse
Gemeng Lëtzebuerg

Alter

34 Joer

Kanner

/

MOTIVATIOUN A PERCEPTIOUN

 

Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir e Beruff ze wiele wou Fraen nach net esou present sinn?
Wat huet Iech besonnesch ugezunn?

Berufflech huet d‘fuere mech immens ugezunn. Ech sinn nach ëmmer gär Auto gefuer, ech hunn och de Motorradsführerschäin. Dunn hunn ech geduecht ech géing de Busführerschäin maachen a wann dat mer eppes géing soen, géing ech an de Beruff Buschauffer goen. Dat hunn ech och gemaach an ech hunn een Examen nom anere gemaach a bis elo gefält et mer nach ëmmer.

Et huet ee vill mat Leit ze dinn an ech si gär ënnert de Leit. Wat mech och ugezunn huet ass déi sécher Aarbechtsplaz, déi wichteg ass fir d‘Zukunft. Dofir sinn ech op d’Gemeng komm.

 

Wéi Dir Äre Choix gemaach hutt, waren do verschidden Aspekter wouwéint Dir gezéckt hutt?

Iwwerhaapt net.

 

Entsprécht Är Aarbecht de Virstellungen déi Dir deemools hat?

Jo, voll a ganz.

 

Wéi gesinn Är Famill a Frënn Iech?

Si si stolz a frou iwwert dat wat ech bis elo fäerdeg bruecht hunn. Ech hunn als klenge Comptabel an enger Fiduciaire ugefaangen an duerno war ech 9 Joer bei enger privater Firma. Wéi ech heihinner komm sinn hunn ech mech gefreet fir d’Leit op hir Aarbecht an och rëm heem kënnen ze féieren an hu mech voll engagéiert fir den definitiven Astellungsexamen a lo och de Promotiouns-Examen ze packen. Déi hunn ech mëttlerweil all gemaach a gepackt a freeë mech all Dag op e neits fir mam Bus kënnen ze fueren.

 

BERUFF

 

Beschreift kuerz Är Aarbecht.

Ech féieren d’Leit mam Bus op hier Aarbecht, oder akafen a rëm heem. Moies kréien ech mäi Programm, wou drop steet wéi eng Linn ech muss fueren, wéini ech meng Paus muss maachen a wéini ech Feierowend hunn. Wann ech moies fréi ufänken, fueren ech mat engem Bus aus dem Schapp eraus. Wann ech am Laf vum Dag ufänken, muss ech mat engem Bus an d’Stad fueren an do een anere Chauffer ofléisen. No der Paus fueren ech dann eng aner Linn. Dat ass flott an ofwiesslungsräich. Mäi Beruff ass eigentlech d’Leit fein a frëndlech bedénge wa si en Ticket wëlle kafen oder eng Informatioun brauchen, se gutt a sécher heemféieren an ëmmer frëndlech bleiwen, och wann ee selwer mol keng gutt Laun huet. De Service um Client ass wichteg. Et soll een och probéieren an den Zäiten ze bleiwen, wat awer hautdesdaags ganz schwéier ass. Et muss een och Reklamatioune kënnen a Kaf huelen, wat net ëmmer einfach ass. Et huet een awer och Leit déi soen: „Joffer, Dir sidd awer haut fantastesch gefuer“. Sou Aussoe si selten awer doen ëmmer rëm gutt, an deem Moment sinn all béis Kommentare vu virdru séier vergiess.Dann ass den Dag gerett. Déi Momenter si seele mee et gëtt se awer.

 

Wéi eng Qualitéite brauch ee fir Äre Beruff kënnen aus ze üben?

Et huet een am beschten e CATP oder anere Schoulofschloss, dann ass ee scho mol net schlecht ugesinn. Et muss ee mat Stress kënnen ëmgoe well an der Stad ass et heiansdo hektesch an do ass et net fir direkt auszeflippen. Et muss ee mat Leit kënnen ëmgoen a gär fueren. Et muss ee scho gären Auto fuere fir sech iwwerhaapt fir dëse Beruff ze interesséieren. Et soll ee fir di aner Verkéiersmembere matdenken op der Strooss an och d‘Foussgänger am A hunn.Net ze stur fueren an heiansdo och mol noginn (z.B. mol stoe bleiwen obwuel ee Virfahrt huet).

 

Am Fall vu Schwieregkeeten, wéi eng Strategie gebraucht Dir fir se ze iwwerwannen?

Wann elo eppes Schlëmmes géing geschéien, muss ee sech aner Hëllef froen, da geet ee bei d’Kontrolleuren oder et freet ee psychologesch Hëllef. An deem Fall war ech awer nach net. Bei Klengegkeeten, wéi zum Beispill eng Ausenanersetzung mat engem Client deen net gutt drop war oder keen Ticket wollt huelen, ass et flott mat den Aarbechtskollegen driwwer ze schwätzen, da laacht een driwwer an et ass erëm séier vergiess.Sou maachen ech et mol. Staark Nerve sinn heiansdo vu Virdeel. Et weess een ni wat dobaussen alles op een duer ka kommen, all Dag ass eng nei Iwwerraschung,dat mécht de Beruff interessant.

 

PERSÉINLECH BEWÄERTUNG

 

Ass de Fait eng Fra ze sinn Ärer Meenung no een Handicap wann een Äre Beruff well ausüben?

Dat hänkt vum Charakter vun der Fra of. Ech hunn kee Problem mat Kengem an och net mat dësem Beruff. Ech hätt och kee Problem de Männer am Gruef ze hëllefen, et dierf een ni vergiesse wou een hier kënnt. Et huet een natierlech och Fraen déi kucken d’Pai déi se kréien an déi sécher Aarbechtsplaz an der Rescht interesséiert se net, déi fueren dann zwee Méint an da sinn se fäerdeg mat de Nerve well se et net packen. Et soll ee sech scho bewosst sinn,wéi ee Beruff ee wielt. Mee als Fra huet een u sech kee Nodeel.

 

Wéi erkläert Dir Iech dass nach net vill Fraen Äre Beruff wielen?

Aus menger Siicht ass dat e bësse komesch, ech verstinn et net. Verschiddener soen dee Stress an der Stad géinge si net packen, mee sou schlëmm ass et net. Anerer soe si géifen net eens gi mat deem grousse Bus oder déi granzeg Leit géifen hinnen op de Geescht goen. Ech weess och net firwat d’Leit sou denken, onméiglech ass et net. Ech géing et direkt nach eng Kéier maachen. Et sinn der natierlech och déi net wéilten op Schichte schaffen. Eis Schichte sinn relativ onregelméisseg, heiansdo huet een eng Fréischicht, dann een Dag fräi, dann dräi Deeg Mëttesschicht an dann een Dag ganz spéit. Et huet ee kee richtege Rhythmus, am Privatliewen ass dat schonn eng Aschränkung. Mee dat schreckt d’Männer genau esou of, et ass eng Charakter- an Usiichtssaach géif ech mol soen.

 

Wat misst een ännere fir de Beruff méi accessibel an attraktiv fir Fraen ze maachen?

Ech géif näischt änneren. Wann eng Fra decidéiert an e Beruff ze goen, wou méi Männer sinn, muss si sech upassen, mir sinn all nëmme Mënschen, ob Mann oder Fra. Dat ass meng Meenung. Mir ginn hei näischt Schwéieres gefrot, jidderee muss dat selwecht maachen. Entweder et hëlt een d’Aarbecht wéi se ass oder et léisst een et einfach sinn. Et soll ee schonn am viraus wësse wat ee wielt. Ech fannen näischt wat ee kéint ännere extra fir  Fraen unzezéien.

 

Wéi ee Message wëllt Dir de jonke Meedercher déi sech grad berufflech orientéiere mat op de Wee ginn?

Dat ass eng schwéier Fro. Dat hänkt dovunner of a wéi ee Beräich se wëlle schaffe goen. Ech géing soen se sollen esou vill wéi méiglech léieren, hier Schoule maachen sou wäit wéi et geet, dass se op d’mannst een Ofschloss hunn mat deem si eng Aarbecht kënne fannen. Si sollen sou vill wéi méiglech Erfahrunge sammelen, an de Vakanze schaffe goe fir e Bléck an d‘Beruffswelt ze kréien a kucken dass si op d’mannst een Diplom an der Täsch hunn.

 

 

 

 

 

Retour Témoignages

Retour Témoignages