Nadine Chenet

Beruff

Stroossebotzerin

Gemeng Lëtzebuerg

Alter

46 Joer

Kanner

2

MOTIVATIOUN A PERCEPTIOUN

 

Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir e Beruff ze wiele wou Fraen nach net esou present sinn? Wat huet Iech
besonnesch ugezunn?

Ech hunn virdru jorelaang an enger Schoul gebotzt. Do war ee permanent agespaart. Wéi dës Plaz ausgeschriwwe ginn ass hunn ech mech direkt gemellt. Ech wollt eppes ganz aneschters maache wéi dat wat ech do an där Schoul gemaach hunn. Et ass ee dobaussen a permanent am Kontakt mat de Leit. Dat huet mir an där Schoul wou ech war immens gefeelt. Hei begéint een ëmmer Leit déi mat engem schwätzen. Dat fannen ech gutt. Et gesäit een d’Leit all Dag an op ee mol gëtt een e bësse gewuer vun de Leit an da kennt een déi. Mir solle keng Kosettercher hale mee et kënnt een automatesch an d’Gespréich mat de Leit. An der Schoul war ee stonnelaang eleng an engem risege Gebai, dat huet mer näischt méi gesot.

 

Wéi Dir Äre Choix gemaach hutt, waren do verschidden Aspekter wouwéint Dir gezéckt hutt?

Jo, ech war ëmmer e ganzt Erkaaltent. Do hunn ech gezéckt a mer gesot „Solls de dat dobaussen aushalen?“. Dat ass awer gaang wéi näischt. Mir war et ëmmer kal a lo ass et mir ëmmer waarm. Ech brauch lo keng Heizung méi. Dat war am Fong dat Eenzegt wou ech mer Suerge gemaach hunn.

 

Entsprécht Är Aarbecht de Virstellungen déi Dir deemools hat?

Jo, well mir dat scho probéiert haten um Proufdag war et wierklech dat wat mir eis geduecht hunn. Mir hunn do gesi wat mer sollte maachen. Wéi mer probéiert hunn hate mer zwar e méi klengen Tour wéi herno. Mee mat der Zäit ass dat awer gaangen.

 

Wéi gesinn Är Famill a Frënn Iech?

Verschiddener a menger Famill hate Bedenke well se gemengt hunn ech wier ze al fir deen Job ze maachen an d’Aarbecht wier ze schwéier. Déi meescht fanne mäi Beruff net esou gutt, mee ech loosse mech do awer net beaflossen.

 

BERUFF

 

Beschreift kuerz Är Aarbecht.

Mir maachen d’Poubellen eidel, mir ginn de Maart botzen, mir botze ronderëm d’Beem, mir halen d‘Bänke propper, …

 

Wéi eng Qualitéite brauch ee fir Äre Beruff kënnen aus ze üben?

Et muss ee positiv sinn, et muss een duerchhale kënnen. Net direkt opgi wann et engem kal ass oder soen „Ech kann dat elo net maachen“. Et muss een duerchhale bis de Kierper sech un alles gewinnt huet. Mir haten och alles wéi di éischt Wochen. Du si mer wierklech heem gaangen an direkt an d’Bett. Mir hunn der och zwee déi hunn opgehalen, déi hunn et net gepackt. Dat eent direkt am Ufank an dat anert méi spéit. Dat war Schued am Fong.

 

Am Fall vu Schwieregkeeten, wéi eng Strategie gebraucht Dir fir se ze iwwerwannen?

Et huet een alt mol dass ee verschidde Saachen net esou gär mécht. Gëschter hate mer eng Dauf an der Strooss, da seet meng Kollegin automatesch „Komm, ech huelen se“. Et kennt een deem aneren seng Boboen. Et mécht een dat eent léiwer wéi dat anert. Dann ass ee frou wann ee gehollef kritt. Wa mer mol Schwieregkeeten haten hu mer matenee geschwat, dann huet een deem anere Mutt gemaach an dann ass et awer erëm viru gaangen.

 

PERSÉINLECH BEWÄERTUNG

 

Ass de Fait eng Fra ze sinn Ärer Meenung no een Handicap wann een Äre Beruff well ausüben?

Nee guer net. Ech si schonn der Meenung dass mir eis Aarbecht esouguer ganz exakt maachen.

 

Wéi erkläert Dir Iech dass nach net vill Fraen Äre Beruff wielen?

Menger Meenung no wëssen nach net vill Fraen dass se dee Beruff kënne maachen. Et gëtt net genuch Reklamm
dofir gemaach. Mat Sécherheet denke si net drun, si kënne sech menger Meenung no sou eppes guer net vir-
stellen. Villäicht wann se méi al ginn. Éischter géingen se „Nimools“ soen. Et si wierklech nach Leit an der Stad, och eeler Fraen, déi kucken da komesch well mir Frae sinn. Déi verstinn dat net. Anerer komme froen „Wat muss ee maache fir bei Iech ze schaffen?“ Et waren der awer och schonn déi hu gefrot ob mer strofversat wieren. Oder si froen „Wéi kann eng Fra wéi Dir dat do maachen?“ Ech krut och scho vun engem eng aner Plaz ugebueden. „Nee, nee, nee“ sot ech. T’ass egal, t’ass ëmmer gutt fir ze laachen.

 

Ech sinn och eng Kéier laanscht eng Terrass gaang an do souzen e ganze Koup jonk Schüler. Du sot een „Häss de geléiert da misst de dat do net maachen.“ Ech sot „Du bass villäicht nach eng Kéier frou wanns de dat do kanns maachen“. Wann hie mengt, dann ass dat eben esou. Hie weess jo net dass mir fräi sinn, mir hunn net permanent een hannendrun deen eis seet wat mer solle maachen, dat ass gutt. Mir kënnen am Fong maache wéi mer denke mee eis Aarbecht muss gemaach sinn.

 

Wat misst een ännere fir de Beruff méi accessibel an attraktiv fir Fraen ze maachen?

Et misste villäicht méi Frae kommen, dass déi aner gesinn dat dat elo méi opkënnt. Mir si jo net zu sou vill Fraen déi sou Saache maachen. Ech sinn der Iwwerzeegung dass vill Leit awer net esou frou sinn dass d’Fraen déi Aarbecht maachen. Am allgemengen ass do awer nach ëmmer dee Gedanken „Oh, Fraen, wat maachen déi dann hei?“. Ech mengen do gëtt nach ëmmer vill geblockt. Mir soen ëmmer wat mir denke mee domatter sinn déi aner net ëmmer ganz averstanen. Mee soss ass et awer ok, mir ginn ëmmer eens. Mir hunn eng gutt Equipe. Heiansdo huet een awer d’Gefill d’Männer géinge léiwer ënnert sech schaffen.

 

Wéi ee Message wëllt Dir de jonke Meedercher déi sech grad berufflech orientéiere mat op de Wee ginn?

Dat ass eng gutt Fro. Ech fannen eng Plaz op der Gemeng ass ëmmer eng fest Plaz. Fir mech ass d’Devise „Aarbecht ass Aarbecht“, egal wat ee mécht. Mir hunn am Summer jo och emol Studentinne mee déi maachen dat net esou gär. Si maachen et well se vun den Eltere geschéckt ginn, si mussen d’Aarbecht dann dee Moment maachen. Et war nach keent dobäi wou ech géing soen dass dat et gär gemaach hätt. Wierklech net. Si si jo och nach jonk. Si brauchen haut net méi vill doheem ze hëllefen, si wëssen net wat dat ass.

 

Déi Kanner déi lo ufänken déi maache jo aner Schoule wéi mir, déi wëlle mat Sécherheet net an d’Stad kiere kommen. T’ass dat wou ech de Problem gesinn. Et soll een hinne soen dass se net sollen opginn, dass se dat solle léiere wat si wëllen, wou se Spaass drun hunn an all Dag gär op d’Aarbecht ginn. Dat ass jo dat wichtegst.

Retour Témoignages

Retour Témoignages