Tania Nepper

Beruff

Stroossebotzerin

Gemeng Lëtzebuerg

Alter

27 Joer

Kanner

/

MOTIVATIOUN A PERCEPTIOUN

 

 

Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir e Beruff ze wiele wou Fraen nach net esou present sinn?
Wat huet Iech besonnesch ugezunn?

Wéi ech am Service maintenance agestallt gi sinn, hunn ech dobannen am Gebai geschafft. Ech wollt awer nach
ëmmer dobausse schaffen. D‘Plaz am Service Hygiène war eng nei Erausfuerderung fir mech. Ech hunn ëmmer vill Guddes iwwert de Beruff héieren, dunn hunn ech mech gemellt.

 

Wéi Dir Äre Choix gemaach hutt, waren do verschidden Aspekter wouwéint Dir gezéckt hutt?

Net wierklech. Et ware bis elo jo nëmme Männer do. Mee d’Zesummenaarbecht klappt awer gutt. Ech hu mech gefrot ob ech dee schwéiere Bléiser an d’Tute packe géif. Et huet sech erausgestallt dass et gutt geet.

 

Entsprécht Är Aarbecht de Virstellungen déi Dir deemools hat?

Absolut. Mir konnten een Dag probéieren an et huet mer gutt gefall.

 

Wéi gesinn Är Famill a Frënn Iech?

Meng Famill a Frënn gesi mech als oppen, staark an duerchsetzungsfäeg Persoun. Si fannen et ganz gutt dass ech dat maachen.

 

BERUFF

 

Beschreift kuerz Är Aarbecht.

Moies gi mer an Equipen opgedeelt. Meng Equipe ass zoustänneg fir d’Quartiere Clausen, Neiduerf, Cents, Gronn an de Fëschmaart. D‘Aarbecht bezitt sech op Stroosse kieren, mam Bléiser goen a Poubellen a Pabeierkierf eidel maachen.

 

Wéi eng Qualitéite brauch ee fir Äre Beruff kënnen aus ze üben?

Et muss ee gutt an enger Equipe kënne schaffen, mat de Leit ëmgoe kënnen an net grad zwee lénker Hänn hunn. Et soll een net mat de Leit streide wa mol Reklamatioune kommen an e bësse mam Kapp matschaffen. Et muss een et och kierperlech fit sinn.

 

Am Fall vu Schwieregkeeten, wéi eng Strategie gebraucht Dir fir se ze iwwerwannen?

Wann emol Schwieregkeeten an der Equipe wieren da kann ee diskutéieren a wann et wierklech net geet bei d’Surveillance an de Büro goe fir d’Saach richteg ze klären. Wa Problemer mat de Leit dobausse sinn da ruffe mer och u fir Bescheed ze soen dass eppes muss gekläert ginn. Eise Viraarbechter schwätzt da mat de Leit an da klappt dat och. Dat geschitt awer wierklech net dacks.

 

PERSÉINLECH BEWÄERTUNG

 

Ass de Fait eng Fra ze sinn Ärer Meenung no een Handicap wann een Äre Beruff well ausüben?

Nee guer net. T’ass ee villäicht net grad esou staark. Wa mer streeë ginn an et muss een eng Tut Salz huelen dann ass dat scho méi schwéier mee t’ass awer machbar. Soss mécht een et eben zu zweet. Et kann een alles maachen als Fra.

 

Wéi erkläert Dir Iech dass nach net vill Fraen Äre Beruff wielen?

Et gëtt net wierklech vill Reklamm gemaach.

 

Wat misst een ännere fir de Beruff méi accessibel an attraktiv fir Fraen ze maachen?

Et misst ee méi Proufdeeg fir Fraen a Männerberuffer maachen.

 

Wéi ee Message wëllt Dir de jonke Meedercher déi sech grad berufflech orientéiere mat op de Wee ginn?

Dass alles méiglech ass an dass ee sech just traue soll.

Retour Témoignages

Retour Témoignages