Danielle Schroeder

Studien/Formatioun

Secondaire classique

Beruff

Gemengesekretärin

Gemeng Cliärref

Alter

50 Joer

Kanner

2

MOTIVATIOUN A PERCEPTIOUN

 

Wéi sidd Dir op d’Iddi komm fir e Beruff ze wiele wou Fraen nach net esou present sinn?
Wat huet Iech besonnesch ugezunn?

Ech hu mech net « bewosst » fir ee Beruff entscheed deen « atypesch » fir Fraen ass. Dat ass mir eréischt opgefall wéi ech geschafft hunn a gemierkt hunn,  dat déi männlech Aarbechtskollegen wäit an der Majoritéit sinn.

Besonnesch ugezunn huet mech:  

1) d’Sécherheet dat ech an deem Beruff net kënnt an eng aner Uertschaft versat ginn

2) d’Proximitéit zu mengem doheem wat d’Organisatioun vun der Versuergung vun eise Kanner  erliichtert huet.

 

Wéi Dir Äre Choix gemaach hutt, waren do verschidden Aspekter wouwéint Dir gezéckt hutt?

Ech hat verschidden Zweifel an Ängschten, well ech eng sécher Plaz hu misse kënnegen fir an dëse neie Beruff kënne ranzeklammen. Dës Zweifel haten näischt domat ze doen dat ech eng Fra  ënner bal nëmme Männer wier.

Entsprécht Är Aarbecht de Virstellungen déi Dir deemools hat?

Mäi Beruff säit haut ganz anescht aus wéi virun 22 Joer. Mee et ass nach ëmmer dat wat ech gär maachen.

 

Wéi gesinn Är Famill a Frënn Iech?

Ech sinn an der glécklecher Situatioun, dat ech mech ëmmer op d’Ënnerstëtzung vu menger Famill ka verloossen. Si hu missen akzeptéieren, dat ech zäitweis gestresst an och zu onregelméissegen Zäiten heem kommen. Ech sënn hinnen dofir onendlech dankbar.

Ech bedaueren dat niewent Beruff a Famill net genuch Zäit fir vill Frënn bleiwt.

 

BERUFF

 

Beschreift kuerz Är Aarbecht.

Ech sinn den éischten Uspriechpartner fir all Bierger dee Kontakt mat dem Buergermeeschter oder dem Schäfferot ophuele wëllt. Ech hëllefen dem Buergermeeschter a Schäfferot d’Reuniounen an d’Decisioune virbereeden . Anschliessend halen ech déi Decisioune fest a ginn se weider un déi zoustänneg Leit, Ministären oder Verwaltungen.

 

 

Retour Témoignages

Retour Témoignages